E Kont an der App uleeën
Eroflueden an installéiere vun der App
D’App ka fir verschidde Betribssystemer erofgeluede ginn. Scannt w.e.g. de QR-Code.

Android

iOS
Maacht no der Installatioun d’App op. Fir Iech fir e Cours unzemellen, musst Dir als éischt e Kont erstellen.

Uleeën vun engem Kont
Klickt op d’Ikon “Kont” an dann op “Kont erstellen”. Hei gitt dir doropshin opgefuerdert e Virnumm, en Numm, eng E-Mailadress an e Passwuert festzeleeën. Späichert dës Login-Detailer (Mailadress a Passwuert) op enger sécherer Plaz, well Dir se all Kéier braucht, wann Dir Iech an der App umellt. E Bestätegungslink gëtt dann un dës E-Mailadress geschéckt. Kontrolléiert och Ären “Spam” Dossier. Dir musst de Link bannent 5 Minutte bestätegen. Dir gitt dann op den “Tableau de bord” weidergeleet.
Den nächste Schrëtt ass Är perséinlech Donnéeën anzeginn. All Felder, déi mat engem Stärchen (*) markéiert sinn, sinn obligatoresch Felder. Am Feld “Matricule” musst Dir di lescht 5 Ziffere bäisetzen (de Gebuertsdatum ass hei aus ausgefëllt). Soubal Dir Är Donnéeën ofgespäichert hutt, kënnt Dir d’App benotzen.
Wéi mellen ech mech fir e Cours un?
Ënnert der Rubrik “Dashboard” fannt Dir all ugebuede Coursen. Wann Dir op de Knäppchen “Info” klickt, gesitt Dir d’Detailer vum Cours. Mam Knäppchen “Ajouter au panier/In den Warenkorb legen”, gëtt de Cours an Äre Weenchen transferéiert. Fir de Cours ze bezuelen, klickt op de Knäppchen “Aller au panier/Zum Warenkorb”, fir zréck op den Dashboard ze kommen, wielt de Feil uewe lénks.
Dir kënnt Iech da fir aner Coursen umellen. Wann Dir fäerdeg sidd, klickt op de Knäppchen “Panier/Warenkorb” (uewe riets), an de Weenche geet op. Dir kënnt elo d’Coursë mat Ärer Kreditkaart bezuelen.


Wéi mellen ech eng zousätzlech Persoun a mengem Kont un?
Dir hutt Iech an der App e Kont gemaach a wëllt lo eng zousätzlech Persoun an ärem Kont mat umellen.
Dat ass ganz einfach. Ënnert dem Menüspunkt “Konto/Compte” –> “Deine Mitglieder/Votre adhésion” kënnt Dir iwwert + en neie Member aginn. Fir e Cours ze buche musst Dir just oppassen, dass Dir an deem richtege Kont sidd. Dee gebuchte Cours gëtt an de Wuerekuerf vun deem Kont geluecht an och an deem Kont bezuelt.
