Veräinsgeschicht

Aus enger Fusioun entstan

Schonn ëmmer gouf et zwëschent den Turnveräiner an der Nordstad eng gutt Entente. Duerch reegelméissegt zesumme Schaffen an zesumme kommen op kollegialer Basis, (Dikrech an Ettelbréck ) sinn des Veräiner als grouss Famill zesumme gewuess.

Et louch also op der Hand, dass een des Kollektiv-Aarbecht am Kader vum Nordstad Gedanke festege misst. Dëst a Form vun enger Fusioun zu enger nach méi grousser a staarker Turnsport-Kraaft am Norden.

Dowéinst hunn am Kader vun den 125 järege Gebuertsdagsfeierlechkeeten vum Turnveräin Dikrech déi éischt inoffiziell Gespréicher stattfonnt.
D’Nopeschveräiner vu Colmer Bierg a Bettenduerf hunn och un dësen Treffen deelgeholl.
Sou ass fir déi éischte kéier een eenheetleche Flyer entstanen an dem d’Aktivitéite vun deene 4 Turnveräiner publizéiert a groussflächeg an der Nordstad Regioun verdeelt goufen.
Säit September 2009 ginn Traininge vun den 2 Grënnungsveräiner gemeinsam organiséiert.
Mam Resultat, dass d’Offer un Turn-Aktivitéiten an de Beräicher vum Konscht a Competitiounsturne souwéi am Fräizäitsport konnten ausgebaut ginn.
Vill nei Memberen an alle Beräicher hunn d’Grënnungsveräiner an hirer Zukunftsvisioun ënnerstëtzt fir ee groussen a konkurrenzfäege Veräin ze schafen dee regional, national an och doriwwer eraus am noen Ausland Erfolleger verzeeche kann.
Dësen Erfolleg kann een zum Deel de verbesserten Trainingsviraussetzungen vun der neier Turnhal zu Ettelbréck zouschreiwen. Awer och eng gutt Organisatioun, di verbessert Offer an d’Ënnerstëtzung vun de Gemengen Ettelbréck an Dikrech hunn e groussen Deel dozou bäigedroen.

Aus dëse Grënn gouf an de Generalversammlungen zu Ettelbréck (12/02/2009) an Dikrech (17/04/2009) de Beschloss zu enger Fusioun geholl. Alleguerten d’Memberen déi präsent waren, hunn dofir hiert Averständnis ginn. De 26. November 2010 gouf dunn den Nordstad-Turnveräin offiziell gegrënnt.

Zieler vun der Fusioun

  • Restrukturéierung a Re-Organisatioun: Kloer a strukturéiert Kompetenzopdeelung vun de Kräften (Veräinsféierung a Kommissioun)
  • Gréisstméiglech Offer un Turnsport Aktivitéiten
  • Effizient Notzung vu Sportinfrastrukturen
  • Gezielt Fuerderung vun Talenter
  • Konkurrenzfäegkeet ausbauen
  • Training professionaliséieren
  • Turnsport erëm zu engem attraktive Sport maachen

Virdeeler vun der Fusioun

  • Effizient Notzung vun de Ressourcen (Ressource humaines, Infrastrukturen)
  • Gréissere politeschen Impakt (ëffentlech Gelder, Sponsoring)
  • Méi grousst Angebot
  • Besser Ëffentlechkeetsaarbecht (besser Visibilitéit)
  • Bessert Angebot (Fräizäit a Competitioun)

De Moment turnen ongeféier 260 Kanner a Jugendlecher, aus der Nordstad an Ëmgéigend an der Turnhal zu Ettelbréck. Ongeféier 350 Fräizäitsportler besiche reegelméisseg eis Kueren.
D’Sportveräiner spillen hautdesdaags eng ganz wichteg Roll an der Kanner a Jugendaarbecht a bidden doriwwer eraus Aktivitéite fir de kierperlechen Ausgläich vun de gestressten Erwuessenen. Sie stellen esou een net onwesentleche Wäert fir eis Gesellschaft a fir d’Gesondheet vun de Bierger duer. Ausserdeem sinn si et derwäert ënnerstëtzt ze ginn.
Am Sënn vun enger besserer Konkurrenzfäegkeet an enger nach besserer Offer u Fräizäitsportméiglechkeeten, sinn d’Grënungsveräiner bereet hier Kräfte fir eng gutt Jugendaarbecht a sënnvoll Fräizäitaktivitéiten anzesetzen. Fir des Aufgab ze bewältegen, brauchen si awer och d’Ënnerstëtzung vun de Gemengen a vum Sportsministère.

Mat der Fusioun wollten Turnveräiner een éischte Schrëtt maachen, awer och en Zeeche setze fir eng regional Zesummenaarbecht.

Scroll to Top