Staark Fraen am Sport
“Däi Wëssen an deng Talenter weiderzegi stäerkt net nëmmen dech, mee och den Zesummenhalt an eiser Gemeinschaft.”
Bei der Campagne “Staark Fraen am Sport”, mat der Ambassadrice Patrizia Van Der Weken, ass eis d’Nelly als Representante mat ausgewielt ginn. Si ass domadder eng vu 5 Frae vun Ettelbrécker Veräiner déi sech am Laf vun hirem Liewe fir de Sport a virun allem och fir d’Veräinsliewen agesat huet! D Nelly war an ass ee wichtege Pilier vum Veräin an dofir soe mir als Veräin nach eng Kéier ee ganz grousse Merci.
Villmols Merci, Nelly!

