NTV App
Wat as daat?
Zënter der Saison 2022-23 stellt den Nordstad-Turnveräin senge Memberen eng App, fir d’Aschreiwung an d’Gestioun vun de Coursen, zur Verfügung.
Firwat eng App?
D’Gestioun an d’Aktualiséierung vun de perséinlechen Donnéeë vun de Memberen ass zäitopwänneg. An de leschte Jore sinn och ëmmer méi Feeler beim Transfert vun Donnéeën, vum Pabeier an d’Datebank, opgetrueden. Falsch Entréeën an der Datebank verhënneren, datt d’Memberen hir Post kréien, well d’Adress falsch ass, Lizenzen net ausgestallt kënne ginn, well d’Sozialversécherungsnummer falsch ass, a vill aner Grënn. D’App miniméiert Feeler, well d’Memberen hir perséinlech Donnéeë selwer aginn a spéider verwalte kënnen.
Wéi funktionéiert d’App?
D’App gëtt op Ärem Handy installéiert. Nodeems Dir Iech registréiert hutt, loggt dir Iech an. Den Haaptbildschierm weist, nieft kuerzen Informatiounen, all ugebuede Coursen. Dir kënnt Coursen auswielen an se, an engem spéidere Schrëtt, bezuelen.
Den integréierte QR-Code erlaabt et Iech, Iech bei ären ausgewielten a bezuelte Coursen, ze identifizéieren
