Loisirs

Fräzäitsportan der Nordstad:

Wann och Dir Loscht hudd no der Aarbecht, virun der Arbecht oder einfach op Ärem fräien Dag eppes fir Iech, Äre Kierper an Är Séil ze machen, sou proposéiert den Nordstad-Turnveräin Iech eng ganz Reih vu verschiddene Kueren fir Jonk an Al.  Déi verschidde Kueren fannen dobäi zu Ettelbrëck, Dikkrech a Colmar statt. All eis Donnéën fannt Dir hei „Programm Loisir 2021/ 2022“ an och ënnert der Rubrik „Downloads“ – „Programm Loisir 2021/2022“.

Reglement Covid-19

Bedëngt duerch den Covid-19 Virus hunn mir d’Reglement wat d’Organisatioun vun den Kueren ubelaangt missen änneren. Dest Reglement fann Dir hei : “Reglement Loisir” , an och ënnert der Rubrik “Downloads”.

 

Yoga (byPetra Buser/byAnna Kraemer)

Erhuelung, Entspaanung a Meditation an enger flotter an entspaanender Atmosphär. Den Nordstad Turnveräin proposéiert Iech zwee Yoga kueren an der Woch an deenen Dir Ärem Kierper an Ärer Séil fräie Laf kënnt loossen.

 

TabataHiit international mixte (byAnna Kraemer)

Beim Hiit Training wiessele sech intensiv Belaaschtungs a locker Trainingselementer zyklesch of. Op dës Aart a Weis gëtt de Stoffwiessel aktivéiert an de Fettofbauugereegt. Sou verbessert sech durch déi extrem intensiv Intervallübungen Är Ausdauer, Koordinatioun souwéi och den Kalorieverbrauch. Kommt laanscht a probéiert et aus.

 

Aqua GymEttelbruck a Colmar-Berg (byAnna Kraemer)

Fitness am Wasser? Bei eisem Aquagym gi Fitness a Wasserbewegung kombinéiert. Opgepasst! Plaze sinn ëmmer limitéiert!

 

Zumba (mixte) (by Malou Halsdorf)

Danz a Fitness kombinéieren? Kee Problem mam Zumba maacht dir op eng dänzeresch, rythmesch a musikalesch Aart a Weis äreWorkout Programm. Beim Zumba kommen Aerobic a lateinamerikanesch an international Musiken zesummen a suerge fir Spass um Sport.

 

 

Pilates (byRika Singleton)

 

Beim Pilates handelt et sech em eesystematesche Ganzkierpertraining fir d’Kräftigung vun der Muskulatur, déi sech virun allem op Becken,- Bauch- a Reckemuskulaturbezitt.

 

Strength an Flexibility mat Pilates (by Rika Singleton)

https://www.youtube.com/results?search_query=strength+and+flexibility+pilates

 

Gymmat Faszien-Training (mixte) (by Laurent Lafontaine)

De Faszientraining ass eng beweegungstherapeutesch Trainingsmethod, déi sech op d’Förderung an d’Ënnerstetzung vum Bindegewebe bezitt an domadder och Iwwerlaaschtunge virbeuge soll. Wat sinn d’Ziler: „erhöht die Belastbarkeit von Sehnen und Bändern, vermeidet schmerzhafte Reibereien in Hüftgelenken und Bandscheiben, schützt die Muskulatur vor Verletzung und hält den Körper in Form, indem es eine jugendliche und straffe Silhouette ermöglicht.“

Wat sinn d’Virdeeler? „Die Muskeln arbeiten effizienter.Die Regenerationszeit verkürzt sich erheblich, sodass man schneller fit wird für das nächste Training und die nächste Anforderung.Die Leistungsfähigkeit steigt.Bewegungsabläufe und Koordination verbessern sich.“ (Quelle: http://www.functional-training-magazin.de/gute-faszientraining/)

 

Funky Jazz (by Gabriela Fantin)

Wollt och Dir schon ëmmer eng kéier Funky Jazz ausprobéieren. Gabriela Fantin hëllt Iech mat an ee modernt musikalescht an dänzerescht Erliefniss fir Jonk an Al.

 

Jazz Dance (by Patrycia Pruchenska)

 

 

Rhythm Combat (by Mich Mangen)

Danz mat kampfteschneschnechen a musikalëschen Elemten zur Steigerung vun Ärer Fitness. De Mich Mangen hält Iech duerch seng  Experience um Fitness a Kampfniveau fit.

 

Parkuer (by Alexis Moguilnyi)

 

Bauch Beine Po (mixte) (by Gabriela Fantin)

Wéi den Numm et scho seet läit den Accent hei op deenen dräi Beräicher, déi durch intensiv Übungen trainéiertginn. Kommt laanscht an trainéiert an enger motivanter Atmosphär zesumme fir ee gesonden a flotte Kierper.

 

Renforcement musculaire mixte (byAnna Kraemer)

Wellt och Dir eppes fir äre Muskelopbau maachen awer net onbedéngt an den Fitnesstudio goen? Beim Anna Kraemer kënnt Dir Är Muskulatur durch ee gezielte Ganzkierpertraining stärken an nei Muskulatur opbauen.

 

Fitness fir de Reck mixte (by Chantal Theisen)

„Oh mäi Reck!“ Wee kennt et net?  De Reck deet wéi vum hierwen, vum sëtzen oder vum bécken. Eisen Alldag ass geprägt duerch Situatiounen an deene mir eisem Réck ee Gefale machen? D’Chantal Theisen versicht duerch präzis Übungen Ärer Réckemuskulatur entgéint ze kommen, ze stärken an domadder weider onangenehm Situatiounen ze vermeiden.

 

Fitness fir Hären (by Jacqueline Eifes)

Eemol an der Woch treffen sech eis Hären fir zesumme Sport zemaachen. Dobäi bitt Iech d’Jaqueline Eifes ee flotten an oflwiesslungsräichen Training fir Hären an enger symphatescher Atmosphär.

 

Body Shape (mixte) (by Annette Heck)

Wellt Och Dir Äre Kierper rem bëssen a Form bréngen? Dann ass eise Body-Shape Programm villäicht genau dat richtegt fir Iech. Duerch verschidden intensiv Übungen soll de ganze Kierper trainéiert a gestäerkt ginn.