COMPETITION

Compétitiounssport-Konschtturnen

Nierft dem Loisir besteet een zentralen Pillier vum Nordstad Turnveräin um Turnen respektiv um Konschtturnen. Vun Hochstänn, Saltoen, Flick-Flacken bis hinn iwwer Schrauwen a weideren akrobateschen Elementer bidde mir verschidden Trainingseenheete fir grouss a kleng un, siff dat fir Meedercher oder fir Jongen.

Minis: 5-9 Joer / Juniors: 9-14 Joer / Seniors: ab 14 Joer

Wéini a wéivill Training dobäi um Programm steet, hängt vun den verschiddene Kategorien oof (débutant, moyen, avancé, artistique).

Mamans et Bébes (2 bis 4 Joer)

„Hopp an iwwert Putter !!“Nët nëmmen d’Kanner si gefrot mee och d Elteren musse mat machen. 1-2 mol d’Woch kommen och déi Klengsten op hir Käschten. Bis +- 4 Joër geet et, zesumme mat den Elteren, iwwert d’Putter, de Barren oder mat Koplabunzen iwwert d’Matratzen. Duerch Spill a Spaß sollen Basis Oofleef geléiert ginn an zur motorescher Entwécklung beidroën, déi net nëmme fir Turnen mee vir d’ganz Liewen vu besonneger Bedeitung ass.

Trainerinnen : Marisa Lopez-Tello, Betty Szilagyi

Dauer : 1 x 1 Stonn

 

Jeux mixtes 4-5 Joër (4 bis 5 Joer)

„1,2,3 lass!!“ Op spilleresch Aart a Weis kréie Kanner zwee mol d’Woch Turnen méi nobruecht. Zil ass et durch Spaß, Motorik, Koordination, Kraft an Ausdauer méi nozebréngen an se duerch kléng Parkueren a Spiller op weider turneresch Elementer ze préparéieren.

Trainer : Marisa Lopez-Tello, Alexis Moguilnyi

Dauer : 1 x 1 Stonn

 

Minis masculins (5 – 8 Joer)

„An 10 mol Pompelen!!“ 2 mol d’ Wochd äerfen eis jonk Häeren am Alter vu 6 bis 9 Joër trainéieren. Um Plang steet de compétitive Sport, wou d’Jongen sech op de Geräter Buedem, Barren, Reck, Pauschepäerd, Sprong a Réng kënnen ausliewen. Duerch ee strukturéierten Training sollen nierft dem Léieren vun neien Elementer och Kraaft, Koordinatioun, Dehnung an Ausdauer um Programm stoen.

Trainer : Alain Wickler, Chris Guden, Alexis Moguilnyi

Dauer : 1 x 1,5 Stonn

Dauer : 1 x 2 Stonnen

 

Juniors masculins (9-13 Joer)

„Araber Flick-Flack, Salto!!“ 2-4 mol d’Wochsteet bei eisen eelere Jongen, tëscht 9 a 15 Joër, Training op der Lëscht. Duerch ee strukturéierten Trainingsprogramm sollen nierft dem Léiere vun neien Elementer och Kraft, Koordination, Dehnung an Ausdauer um Programm stoen. Zil ass d’Bedeelegung un nationalen, wéi och internationalen Compétitiounen a virun allem och de Spaß um Sport.

Trainer : Christof  Theis, Jean-Marie Laubach, Tom Keipes

Dauer : 1 x 2 Stonnen/4 x 3 Stonnen

 

Minis féminins débutans (5-8 Joer)

„Hocksprong, Spreizsprong!!“ Et ass nach kee Meeschter vum Himmel gefall. Dës Sectioun ass fir Meedercher tëscht 5 an 9 Joër déi mam Turnen wëllen ufänken. An 2 Deeg kréien si d’Basis vum Turne bäibruecht a gin mat Spaaß op hire weidere Wee am Turnsport préparéiért. Zoudem huelen och si schonn deelweis un nationale Compétitiounen deel.

Trainer : Caroline Mariutto, Charel Staudt

Dauer : 1 x 1,5 Stonn

 

Minis féminins moyens (5 – 8 Joer)

Dëse Kuer ass fir fortgeschratten Turnerinnen, déi zweemol an der Woch hir Kënnen op de verschidde Geräter wéi Buedem, Barren, Sprong a Putter kënnen ënner Beweis stellen. Och si huelen regelméißeg u Compétitiounen deel a versichen sech do mat aneren ze moossen.

Trainerinnen : Paula Barros, Kim Christen, Betty Szilagyi, Mica Palermo

Dauer : 1 x 1,5 Stonn, 3 x 2 Stonnen

 

Minis féminins avancés (5 – 8 Joer)

Dëse Kuer ass d’Suite vum cours moyen, dat heescht fir fortgeschratten Turnerinnen, déi dräimol an der Woch hir Kënnen op de verschidde Geräter wéi Buedem, Barren, Sprong a Putter nach weider verbesseren. Regelméißeg Compétitiounen stinn hei natierlech och un der Dagesuerdnung.

Trainerin : Xenia Zuidberg

Dauer : 3 x 3 Stonnen

 

Minis fémins déb art. (5-8 Joer)

„Haltung!!“ Dës Sectioun geet virun allem an eng artistesch Richtung. Mat 4 mol 2 Stonnen Training, ginn déi jonk Meedercher ab 4 Joër fir d’Konschtturnen préparéiert. Dësen Training baséiert virun allem op engem strukturéierten an duerchorganiséierten Training deen a Richtung Konschtturnen op engem héichen Niveau opgebaut ass.

Trainerinnen : Betty Szylagyi, Béa Peffer, Tania Graf

Dauer : 4 x 2 Stonnen

 

Minis féminins artistique (5-8 Joer)

„Araber Flick Flack Schrauf!!“ Mam Betty Szylagyi huet eise Veräin eng professionell Trainerin, déi et eisen Turnerinnen ab engem gewëssen Niveau erméiglecht bis 5 mol d Woch Training ze garantéieren. Nieft den nationalen Compétitioune wéi Landesmeeschterschaften, stinn och international Compétitiounen um Programm. Hei handelt et sech also em een Niveau, deen iwwert dat “normal” Turnen erausgeet, hin zu enger héicher internationaler Skala.

Trainerin : Betty Szylagyi

Dauer : 4-5 x 3 Stonnen

 

Juniores féminins moyens (9-14 Joer)

„Araber Flick-Flack!!“ Dës Sectioun erméiglecht fortgeschrattenen Turnerinnen mat engem strukturéierten Training de Spaß um Turnen wéi och Partizipatioun un nationale Compétitiounen.

Trainerinnen : Michèle Elsen, Claude Schneider, Betty Szylagyi

Dauer : 2 x 3 Stonnen

 

Juniores/Seniores fém avancés (9-14 Joer)

„Iwwerschlag Salto!!“ 3 mol d’Woch däerfen eis Meedercher am Alter vun 9 bis 13 Joër trainéieren. Um Plang steet de compétitive Sport, wou d’Meedercher sech op de Geräter Buedem, Barren, Sprong a Putter kënnen auslierwen. Duerch ee strukturéierten Training sollen nierft dem Léieren vun neien Elementer och Kraaft, Koordinatioun, Dehnung an Ausdauer um Programm stoen.

Trainerinnen : Béa Peffer, Tania Graf, Betty Szylagyi

Dauer : 3 x 3,5 Stonnen

 

Seniors féminins/masculins (ab 14 Joer)

„Andthewinneris…!!“ Zweemol d Wochhunn d Meedercher a Jongen respektiv Dammen an Hären iwwer 14 Joër d Méiglechkeet fir déi verschidde Compétitounen ze préparéieren. Wéi och an den aanere Sectiounen soll duerch e strukturéierten Trainingsprogramm ee permanente Progrès op dene verschiddene Geräter stattfannen.

Trainer : Betty Szylagyi, Alain Wickler

Alter : ab 14

Dauer : 2 x 2 Stonnen