Den 9. an 10. Mäerz presentéieren ëm déi 200 TurnerInnen an TrainerInnen op akrobatesch an turnerësch Aart a Weis verschidden Disney Filmer fir Jonk an Al. Vun ale Classiker wéi Tarzan, Peter Pan oder 101 Dalmatiner iwwer nei Filmer wéi Vaiana ass alles dobäi wat Disneyhäerz begiert. Kommt laanscht an taucht an an déi turnerësch Welt vun Disney.
Horaire
Samschdeg 9. Mäerz Entrée 18h00 Ufank 19h00
Sonndeg 10. Mäerz Entrée 13h30 Ufank 14h30
Präis
Oweskees an Online Presale 16€
Kanner bis 6 Joer inclus fräi
Ticketsale ënner https://pretix.eu/ntv/turngala2024/