Gala 2023: Dat grousst Buch vum Nordstad-Turnveräin

Dat grousst Buch vum Nordstad-Turnveräin!

An den Joeren 2020, 2021 an 2022 hut eisen Gala leider missen annulléiert ginn. Mee 2023 ass et rem sou wäit. Ënnert dem Thema „Bicher“ huelen 250 Turner an Turnerinnen iech de 4. a 5. Mäerz mat an dat grousst Buch vum Nordstad-Turnveräin.
Vum Dschungelbuch, Harry Potter, der Herr der Ringe iwwer Kachbicher an de Kloni Klunnes ass fir jiddereen eppes dobäi.

Kommt laanscht a „bliedert“ iech duerch déi verschidde Geschichten a Bicher, déi d’Turner an d’ Turnerinnen op sportlech a fantasievoll Aart a Weis duerstellen.

Wou? Centre Sportif Frankie Hansen
Wéini: Samschdeg, de 4. Mäerz Entrée: 18h00 Ufank: 19h00
Sonndeg de 5. Mäerz Entrée: 13h30 Ufank: 14h30

Präisser
Virverkaf – 10 €
Oweskeess – 12 €
(Kanner ënner 6 Joer inclus si fräi)