Gala 2023: D’Supertalenter vum Nordstad-Turnveräin

D’Supertalenter vum Nordstad-Turnveräin!

An den Joeren 2020, 2021 an 2022 hut eisen Gala leider missen annulléiert ginn. Mee 2023 ass et rem sou wäit. Ënnert dem Thema „Das Supertalent“ bidden 250 Turner an Turnerinnen iech de 4. a 5. Mäerz eng grouss Show.

Kommt laanscht a kuckt iech déi verschidden Optrëtter un déi eis Turner an Turnerinnen op sportlech a fantasievoll Aart a Weis duerstellen, an jugéiert hier Talent.

Wou? Centre Sportif Frankie Hansen
Wéini: Samschdeg, de 4. Mäerz Entrée: 18h00 Ufank: 19h00
Sonndeg de 5. Mäerz Entrée: 13h30 Ufank: 14h30

Präisser
Virverkaf – 10 €
Oweskeess – 12 €
(Kanner ënner 6 Joer inclus si fräi)